20.000 Meilen ënnert dem Mier

March 27th, 2011

Zanter dem leschten Blog-Update, an deem mir e puer gréisser Neiegkeeten ugekönnegt haaten, sin schon rëm 6 Méint vergang. Déi Leit, déi onsen Versuch verfollegen een lëtzebuerger Kinofilm ze dréihen, wëssen mëttlerweil dass et sech bei den ugekönnegten Neiegkeeten ëm d’Ännerung vum Numm vun onsem Filmmaacher-Club vun Obskura op Camera Obskura (mat neiem Logo), ëm de Launch vun onser neier Websäit an vun onsem eegenen Vimeo channel esou wéi ëm d’Veröffentlechung vum éischten Episode vun onsem Videoblog gehandelt huet. Alles Sachen, déi mer wollten aus dem Wee hun fir ons ganz op onsen neien Film konzentréieren ze können.

Mir hun och d’Problemer mat onser Mac-Workstation behuewen an all ons Fichier récupéréiert. Fir weider Problemer ze vermeiden an d’Post-Produktioun méi iwwersichtlech ze haalen, hun mir de Filmprojet an 5 Ënner-Projet’n opgedeelt, déi all +/- 20 Minuten vum Film ausman. Mir hun och eng "Post-production task force" an d’Liewen geruff. Daat kléngt jo mol gudd, mee ob ët och wirklech eppes dozou beidroen wärd d’Post-Produktioun méi séier virun ze bréngen, daat steet nach an den Stären.

Ok, et gët also nët wirklech vill Neies ze erzielen, also firwaat een Update vum Blog mam Numm "20.000 Meilen ënnert dem Mier"?

D’Änwert op dës Fro fannt Dir an dem kuerzen Video hei drënner. Fir onsen neie Film, ass ons Kamerateam nämlech… ehm… couragéiert dohin gang, wou nach nie ee Kamerateam virdrun gang ass.

20,000 leagues under the sea

March 27th, 2011

Another 6 months have passed since the last blog entry at the end of which we promised to release some major news. Well, by now people who follow our attempts at making a movie, know that the major news have been the name change of our filmmaker club from Obskura to Camera Obskura (along with a new logo), the release of a new web site, the launch of a Vimeo channel and the release of the first episode of our videoblog. All stuff we wanted to get out of the way before releasing our new movie.

We also fixed the problems with our Mac workstation and recovered all our files. In order to avoid further problems and speed up the post-production, we’ve split the original film project into 5 separate projects, each of them holding some 20 minutes of the movie. We’ve also set up a "post-production task force". Sounds cool, but only the future can tell if the task force will also be up to the task of speeding up the release of "Luxembourg Mystery Tale".

Ok, so basically there’s not much news, so why make a blog entry and why call it "20,000 leagues under the sea"?

The answer to this question can be found in the short video below. For our new movie, our camera team boldly went where no camera team ever went before…

 

THE GOOD, THE BAD AND THE UGLY

September 4th, 2010

It’s been a while since the last blog post (9 months), so without further ado let’s start with the good news:

THE GOOD : Principal photography is done!

We started shooting "Luxembourg Mystery Tale" (LMT) on Friday, 4th July 2008 and finished the shooting on Thursday, 19th August 2010. When we started planning the project back in 2007, we decided to shoot only on weekends since we soon fathomed that it would be impossible to gather all the actors, extras and crew for 3 straight weeks, without even mentioning getting all the authorizations for the many locations we intended on shooting the movie. And even if we had managed to get everyone involved (more than 150 people) to work for 3 straight weeks on the movie, we wouldn’t have been able to finish the shooting. While our first movie "Zombie Film" was shot in only 21 days, "Luxembourg Mystery Tale" took us 47 days of shooting, over a period of something more than two years. Some very valuable lessons were learned during this time and our crew members will soon talk about them…

What impressed me most during this long period of shooting was the commitment of all the actors and crew. Even though I know that the actors and some of the crew think that it takes us much too long to release the movie, no one just quit the party and every single person involved did his (or her) job till the end. Such a professional attitude is indeed an uncommon good on an amateur production. So when will "Luxembourg Mystery Tale" finally be released? Well, that brings us to:

THE BAD : No more release dates!

In all honesty, we just don’t know when the movie will be released since we don’t know how much time the post production will take. Even though we have a rough cut of about 70% of the movie, there’s still A LOT to be done like the color-grading, the subtitles, the digital special effects, the credits, the opening animation, the sound editing, the score mixing and the final cut. Not to mention, the preparation of the marketing campaign. We have already been working on ALL of these tasks but they do take some time if they are to be done correctly. And we certainly want to make the best movie we are currently able to deliver. So even if we don’t want to announce another release date that we might not be able to meet, we promise that in the coming weeks and months we’ll see an awful lot of this :

That’s your typical editing screen (in this case Premiere Pro) and editing, adding FX and sound mixing is what we will be doing till the movie will finally be ready for a release. Or rather : that’s what we will try to do since if things go bad there’s always a way to make them go ugly :

THE UGLY : Murphy’s Law!

Just when we finished the shooting part of the movie and were finally able to concentrate all our time and efforts on the post production, our main workstation decided to have a break. When we were looking in the editing solutions, we decided to invest quite a lot of money in a Mac Pro workstation since they have the reputation of being quite reliable. Well, our Mac Pro, which we use exclusively for the editing of  "Luxembourg Mystery Tale", just decided not to start up anymore.

Right now the good folks at lineheart are looking into it and will try to save any data they can, since it seems to be a problem with one of the hard disks. Even though we have backups, this is totally uncalled for and just costs us time and nerves. I’m actually writing this blog post on my 6 years old PC (which we used for editing "Zombie Film"). We would have loved to share some pictures of the shooting here, but I simply don’t have access to them right now (not without installing the back ups). 

To finish on a positive note : some major news and changes will be released soon (well, it will at least not take another 9 months before you read about it). Thanks a lot for taking the time to read this blog and see you soon.

THE GOOD, THE BAD AND THE UGLY

September 4th, 2010

De leschten Blog-Update ass schon eng Zäitchen hier (9 Méint), also fänken mer direkt mol mat de gudden Norichten un :

THE GOOD : Dréihaarbechten sin oofgeschloss!

Dréihaarbechten zu "Luxembourg Mystery Tale" (LMT) hun de Freiden, 4. Juli 2008 ugefang an sin den Donnesden, 19. August 2010 oofgeschloss gin. Wéi mir 2007 ugefang hun den Projet ze plangen, hun mer décidéiert nëmmen während de Weekender ze dréien, well mer zimmlech séier verstan haaten, dass et onméiglech géif gin all d’Schauspiller, Statisten a Mataarbechter während ganzer 3 Wochen fir den Tournage ze mobiliséieren, ouni iwwerhaapt iwwer d’Autorisatiounen ze schwätzen déi mer hätten missen zesummen kréien fir dierfen op all den Plazen ze dréien, déi mer ons fir de Film gewönscht hun. A suguer wann mer et färteg bruecht hätten, all d’Leit déi um Film matschaffen (iwwer 150 Persounen) fir 3 Wochen ze mobiliséieren, dann hätten mer et awer zäitlech nët gepackt den Film oofzedréien. Wor "Zombie Film" nach an 21 Deeg hannert enee gedréit gin, esou hun mir am ganzen 47 Deeg, verdeelt op iwwer 2 Joër, gebraucht fir "Luxembourg Mystery Tale" ze dréien. Mir hun bei dësem langen Tournage sëcher ganz wertvoll Erfahrungen gesammelt an ons Equipe wärd ganz geschwönn méi iwwer dës Erfahrungen erzielen…

Waat mech am meeschten beandrockt huet an deenen iwwer 2 Joër Tournage ass den Asatz vun de Schauspiller an der Produktiounsequipe. Obwuel ech wees, dass et villen Schauspiller an och de Leit aus onser Equipe ze lang dauert, bis de Film endlech eraus könnt, huet keen eenzegen ennerwee de Kapp hänken geloos a all Mënsch huet bis um Enn matgeschafft. Esou eng professionnel Astellung ass eppes Rares bei enger Amateur-Produktioun. Mee wéini kënnt "Luxembourg Mystery Tale" dann elo eraus? Déi Fro bréngt ons zum zweeten Punkt :

THE BAD : Kee neie Datum fir d’Sortie vum Film!

Ganz éierlech, mir wëssen einfach nët wéini de Film eraus kommen wärd, well mer nët wëssen wéi lang d’Post-Produktioun dauere wärd. Och wann mer schon een Réih-Montage vun 70% vum Film hun, bleiwt nach VILLES ze din, wéi z.B. d’Faarwkorrektur, d’Ënnertitlen, digital Spezialeffekter, de Générique, d’Titelanimatioun, den Toun-Montage, d’Musek-Oofmëschung bis hin zum finalen Schnëtt,  ouni vun der Marketing-Campagne ze schwätzen. Och wann mir schon op ALL dësen Aufgaben schaffen, huelen sie dach vill Zäit an Usproch wann een gären hätt, dass sie anstänneg gemach gin. A mir wëllen sëcher den beschten Film machen, dee mer am Moment mat onsen Moyen mache können. Mee och wa mer keng nei Datumer fir d’Sortie vum Film annoncéieren wöllen - déi mer dann eventuell nët agehaalen kréien - können mer elo schon eppes verspriechen an zwar dass mer an den nächsten Wochen an Méint ganz oft daat heiten werden gesin:

Daat ass een typischen Montage-Programm (an dësem Fall Premiere Pro) a montéieren, Spezialeffekter zesummestellen an Toun oofmëschen ass daat mat deem mir ons beschäftegen werden bis de Film endlech fir d’Sortie bereed wärd sin. Oder besser gesoot, daat ass waat mer probéieren wärden ze man, well eng Situatioun ass nie esou schlecht, dass sie nët nach schlëmmer kéint sin. Daat bréngt ons zum drëtten Punkt :

THE UGLY : Murphy’s Law!

Grad elo wou mer mat den Dréihaarbechten färteg sin an ons voll a ganz op d’Post-Produktioun vum Film konzentréiere können, huet onsen Haapt-Schnëttcomputer décidéiert an de Congé ze goen. Wéi mir no Schnëtt-Solutiounen gesicht hun, hun mer ons um Enn fir eng zimmlech deier Mac Pro workstation décidéiert well déi d’Reputatioun hun zimmlech zouverlässech ze laafen. Abé, onsen Mac Pro, deen mir exklusiv fir den Schnëtt vum "Luxembourg Mystery Tale" agesaat hun, wöll no knapp 2 Joër Asatz einfach nët méi starten.

Am Moment kucken d’Jongen vun Lineheart nom Problem a probéieren esou vill wéi méiglech vun onsen Daten ze retten, vu dass et sech ëm een Harddisk-Problem ze handlen schéngt.  Och wa mir Backup’n vun all onse Projet’n hun, esou hätte mer dach ganz gudd op dëse Mëssel verzichten können. Deen heiten Blog-Update schreiwen ech op mengem 6 Joër aalen PC (deen selwechten deen mer fir de Montage vum "Zombie Film" benotzt hun). Mir hätten op dëser Plaz elo ganz gär e puer Fotoen vum Tournage publizéiert, mee am Moment hun ech einfach keen Zougrëff op d’Fotoen (op alle Fall nët ouni iwwer eng Backup-Installatioun ze goen)

Mee fir op eng méi positive Note opzehaalen : ganz geschwönn gin et gréisser Neierungen an News zu Obskura a  "Luxembourg Mystery Tale" unzekönnegen (et wärd op alle Fall keng 9 Méint méi daueren). Bis dohin, villmols merci dass der bis hei era gesprongen sidd.

Die onendlech Geschicht

December 11th, 2009

Heinsdo gläicht e Film dréihen enger onendlecher Geschicht. An daat ëmsou méi wann die eenzeg Zäit wou een um Film schaffen kann, déi Zäit ass déi d’Produktiounsteam an d’Schauspiller niewt hierem richtegen Beruf nach iwwreg hun. Mee suguer wann d’Sachen sech lues beweegen, beweegen sie sech. An daat éischt waat sech elo beweegt huet ass emol den Datum vun der Sortie vum LMT, deen elo offiziell an d’Joër 2010 gerutscht ass…

Waat hun mer an de leschten Méint gemach? Ons Equipe huet hard geschafft fir den Tournage vum zweeten Deel vun onsem Film oofzeschléissen (den éischten Deel gouf 2008 gedréiht). Mir hun daat Ziel just knapp verfehlt an mussen elo nach 4 Szenen (vun am ganzen 68) nächst Joër dréihen. Daat soll dann och esou séier wéi méiglech Ufank 2010 geschéihen domat mer ons dann ganz op d’Postproduktioun an d’Virbereeden vun der Marketing-Campagne konzentréieren können.

Ausserdeem hun mir nach e puer Iwwerraschungen fir Ufank vum nächsten Joër parat… An der Zwëschenzäit hei emol e puer Impressiounen vun den leschten Tournagen.

D’Mendaly an den Yves bereeden sech op eng Action-Szene vir, bei där den Yves leider een héichen Präis huet missen bezuelen…


Können mer eng Mystery-Belichtung kréien, w.e.g? Merci!

Ok, an elo eng krank Belichtung w.e.g! Huch, sollen déi blo am Gesicht sin? Den directeur artistique seet jo, also huelen mer déi Szene elo!

Keng geféierlech Chemikalien um Set w.e.g.! Nee, daat interesséiert mech nët ob dir Masken unhutt oder nët! Dajé dann, verschidden Effekter kann een eben nët digital machen…

The Neverending Story

December 11th, 2009

 

Sometimes making a movie seems to be a never ending story. Even more so when the only time you can spend on the movie is the time in between the regular jobs of the actors and the production team. But even if things move slowly, they sure do move. And the first thing that moved is the release date of LMT, which has now officially slipped to 2010…

So what have we been doing lately? Well, our team worked hard to finish the principal photography of the second part of the movie (the first part having been shot in 2008). We just barely missed our goal for the year since we still have 4 scenes (of a total of 68) to shoot before we can call it a wrap. These scenes will all be shot as soon as possible in early 2010, so that we can fully concentrate next year on the post-production and the planning of the marketing campaign.

We also prepare some other surprises for early 2010, so stay tuned. In the meantime have a peek at some pictures of our last shootings.

Mendaly and Yves get ready for an action scene for which Yves, unfortunately, had to pay quite a high price!

Can I get a mystery lighting, please? Thank you!

Ok, and now a really sick lighting setup, please. Oh gosh, are they supposed to be blue in the face? Art director says yes, so let’s go for it!

Please no dangerous chemicals on the set! And no, I don’t care if you wear a mask! Oh well, ok then, I guess some effects just can’t be done digitally…

Four Killings and a funeral

August 17th, 2009

Dréihaarbechten fir LMT gin gudd virun. Leschten Mount huet ons Equipe seng bis elo gréissten Szene gedréiht. Ok, vläit nët esou grouss wéi d’Schlachtszene am Ufank vu "Gladiator", mee trotzdem, fir ons wor ët quasi wéi eng Szene aus "Gladiator" (och wann d’Bluddvergéissen virun dëser Szene geschitt ass). D’Szene huet während engem Begriefnëss gespillt an et hun 10 Schauspiller a 56 Statisten drun deelgeholl. Wa mer richteg gezielt hun, stoungen dann bis elo 142 Leit vir onsen neien Film virun der Kamera. E speziellen Merci geet un d’Statisten an d’Schauspiller déi deen Weekend lang op hieren Asatz hun missen warden, un den Dino, Ben an d’Mendaly fir den eemenzen Catering, un den Yves fir die wirklech beandrockend Särg, u "Rome" fir hieren hellëgen Segen an un de Rescht vum Team fir deen Weekend 26 Stonnen gedréiht ze hun (de nächsten Dag stoung nämlech eng weider grouss Szene um Programm). Mir hun ons bis elo nach nët richteg dovun erholl…

Un esou engem Dag, bied een just, dass d’Wieder matspillt…

Onsen Kameramann Carlo huet nie Angscht sech knaschteg ze man fir ons die beschten Biller ze man.

Four Killings and a Funeral!

August 17th, 2009

 

Principal photography of LMT is well progressing. Last month our team shot its biggest scene ever. Ok, maybe not that big if you compare it to the opening battle scene in "Gladiator", but still it certainly felt like our own "Gladiator" battle scene (even if all the bloodsheding happened before this scene) since it was a funeral scene which involved the participation of 10 actors and 56 extras. If we’ve counted right, that brings the total of people having an on screen appearance in this movie to a whopping 142! Special thanks go to the extras and actors who had to wait long hours before they got in front of our cameras, to Dino, Ben and Mendaly for the amazing catering, to Yves for the truly amazing coffins, to Rome for their holy blessing and to the rest of the team for spending 26 hours on the set that weekend alone (yes, we shot another big scene the following day). Needless to say we still haven’t completely recovered.

On days like this, you pray that the weather will be on your side…

Our cameraman Carlo is never afraid of getting down and dirty to get us the best shots.

28 Days Later !

July 3rd, 2009

 

It’s been almost exactly one year since we started shooting “Luxembourg Mystery Tale” (LMT). Even if the last blog entry is already 7 months old, a lot has been going on behind the scenes of LMT. Here’s some short news about the progress of the project : 

  • Since last year we’ve organized 28 shooting days for principal photography of LMT. That’s more days than a normal work month usually has. Considering that none of our team members are making movies for a living and all have a regular job as well as a private life and family life, that’s no small deed! My most sincere thanks go to our actors, extras and production team.
  • More or less 75% of the movie have already been shot. We’ll have to add some 10 more shooting days to the production schedule before finishing principal photography.
  • Our whole team has learned a lot during the shooting. That’s one of the reasons why we’ve decided to make this movie in the first place. The good old “learning by doing”-method. Like on any other shooting, some mistakes have been made but generally speaking we are quite satisfied with the project so far. Also because the motivation of the actors and team members created a nice working ambiance.
  • During the winter time, we’ve done a first rough cut of the scenes we’ve shot. This allowed us to check if the scenes actually worked the way we imagined them to work.
  • Whenever we were not satisfied with the takes, we reshot the whole scene. That happened three times for three different reasons: once an actor had to change his appearance because his job demanded it, once technical problems arouse while shooting a scene and we didn’t notice till we checked the rushes after the shooting and once we poorly planned an elaborate FX-shot so that the takes didn’t fit in with the FX as we planned them to. 
  • The rough cut of the first 75% of the movie is more or less 70 minutes long, so that we expect the completed movie to have a total running time of 90-95 minutes.
  • We also used the winter time to test our post-production workflow by producing two test trailers that we showed together with a first draft of our new logo animation on the first edition of KML’s Filmmaker’s Night.
  • 91 people have so far worked on the movie.
  • One of our two cameras broke down during the shooting and had to be sent back to the manufacturer for repairing. Fortunately some luxembourgish independent filmmaker’s spontaneously agreed to help us out with their own camera. Very nice!
  • We finished first FX-shots and they should fit the original footage well enough to help telling our story in a visually interesting way.
  • As opposed to our first film (Zombiefilm) LMT is being shot on many different locations. We have been lucky enough not having to make any compromises on our choice of locations. Thanks to the help of a lot of people we managed to get all the shooting authorizations we asked for. The thanks list in the end credits of our movie will be very long indeed.
  • We also got around to start working on the marketing campaign. A first photo-shooting session has been organized with some of our actors and with the friendly support of a professional photographer. First concept drafts of the movie poster look very promising.
  • No movie without a budget. The initial budget of the movie will be surpassed by more or less 30%, but the financing of the movie is guaranteed. Main expenses have been the acquisition of production and post-production gear, catering and marketing.
  • No marketing without a strong web presence! In order to be ready for the launch of the movie, the Obskura a.s.b.l. website is currently being reprogrammed and will be relaunched later this year with several new features.
  • A first limited call for sponsors allowed us last year to gather some 20% of our global budget. A second broader call for sponsors will be launched next month. The main difference between the first and second calls is that we couldn’t show much more than a concept for a movie on the first call and that we’ll be able to show actual footage of the movie on the second call, hence giving potential sponsors a more precise idea of what they would get into if they decide to support the project.
  • There’s still a LOT to be done before the actual release of the movie. We’re working on it!
  • Until further notice the release date is still end of 2009.
  • 3 high definition pictures of the movie are posted in the Filmreakter movie picture gallery.
We gladly answer questions and comments in the comments section below.

28 Days Later

July 1st, 2009

 

Haut ass ett baal op den Dag genau ee Joër hier, dass mer mat den Dréihaarbechten zum "Luxembourg Mystery Tale" (LMT) ugefangen hun. An och wann den leschten Blog-Beitrag elo schon 7 Méint aal ass, ass hannert den LMT-Kulissen zimmlech vill gelaaf. Hei an e puer kuerzen Sätz wou den Projet drun ass:

  • Am ganzen hun mer zanter leschtem Joër 28 Deeg lang gedréiht. Daat ass méi wéi ee normalen Schaff-Mount. Wann een dann bedenkt, dass an onser Equipe nët eng eenzeg Persoun professionnel beim Film schafft mee jiddereen engem normalen Beruf nogeet an doniewt och nach ee Privat- a Familjenliewen huet, ass daat eng stark Leeschtung fir déi ech op dëser Plaz ons ganz Produktiouns-, Schauspiller- a Statisten-Equipe félicitéieren.
  • Am Moment sin +/- 75% vum Film gedréiht an mir mussen dësen Summer nach eng 10 weider Dréih-Deeg virgesin fir den Tournage oofzeschléissen.
  • Ons ganz Equipe huet beim Tournage vill béigeléiert, waat een vun de Grënn ass, firwaat mer dësen Film iwwerhaapt dréihen. Die aal "learning by doing"-Method. Wéi op all Tournage sin ons och beim LMT eng Reih Fehler ennerlaaf mee am groussen ganzen sin mir mam Verlaaf vun der Produktioun bis elo ganz zefridden, well den Asatz an d’Motivatioun vun de Schauspiller an der Equipe zu enger gudder Arbechts-Ambiance béidroen.
  • D’Wanterméint hun mir genotzt fir een éischten Réihschnëtt vun den bis elo gedréihten Opnahmen ze man. Ee Réihschnëtt erlaabt engem ze kontrolléieren ob d’Szenen och esou funktionéieren wéi een sech daat virgestallt huet.
  • Wann d’Szenen ons nët zefridden gestallt hun, hun mer sie nei gedréiht. Am ganzen hun mer 3 Szenen nei gedréiht. Aus verschidden Ursachen: eemol huet een Schauspiller berufsbedéngt säin Ausgesin änneren missen, eemol gouf ett technesch Problemer bei der Opnahm an daat ass ons réischt méi spéid beim Visionnage vun den Szenen opgefall an eng Kéier haaten mer eng zimmlech opwänneg FX-Szene nët genau genug geplangt esou dass mer an der Post-Produktioun de Spezialeffekt nët esou asetzen konnten wéi mer ons daat gewönscht hun.
  • De Réihschnëtt vun den éischten 75% vum Film ass +/- 70 Minuten lang esou dass een dovun ausgoen kann, dass de färtegen Film 90-95 Minuten wärd lang gin.
  • Niewt dem Réihschnëtt hun mer de Wanter benotzt fir onsen Post-Produktiouns-Workflow ze testen, notamment andeems mer 2 Test-Traileren gedréiht hun déi mer Enn lescht Joër op der KML-Filmnuecht gewiesen hun.
  • Bis elo hun 91 Leit um Film matgeschafft.
  • Eng vun onsen zwou Kameraen huet beim Tournage abémol de Geescht opgin an huet missen an d’Reparatur geschéckt gin. Glécklecherweis hun aaner Lëtzebuerger Filmmaacher sech spontan bereed erklärt ons mat hierer Kamera ze dépannéieren. Daat wor een feinen Geste!
  • Eischt FX-Szenen konnten färteg gestallt gin an missten hierem Ziel gerecht gin d’Geschicht op eng visuell méiglechst flott Art a Weis virun ze bréngen.
  • Am Géigensatz zu onsem éischten Film (Zombiefilm) konnten mer LMT op villen verschidden Plazen an Dékoren dréihen. Dovun erwarden mer ons, dass de Film fir den Zuschauer méi interessant get. Bis elo hun mer beim Choix vun den Dréihplazen keng Kompromësser missen agoen, well mer iwwerall wou mer dréihen wollten, ganz vill Ennerstëtzung an die néideg Autorisatiounen kruten. D’Lëscht vun de Remerciementer am Filmoofspaan wärd lang gin.
  • Doniewt hun mer och nach Zäit fonnt mat den éischten Aarbechten un der Marketing-Campagne unzefänken an konnten och en éischten Foto-Shooting mat enger Reih vun onsen Schauspiller organiséieren. Och do konnten mer op die frëndlech Ennerstëtzung vun engem professionnellen Fotograf zielen. Eischt Designstudien vun der Film-Affiche gesin ganz villverspriechend aus.  
  • Keen Film ouni Budget. Den initialen Budget vum Film wärd ëm +/- 30% iwwerschratt gin, mee de Finanzement vum Projet bleiwt assuréiert. Haaptbudgetsposten sin de Kaaf vun Produktiouns- a Post-Produktiounsmaterial, de Catering an de Marketing.
  • Kee Marketing ouni Internet. Domat mer fir de Lancement vum Film prett sin, gët am Moment de Site vun der Obskura a.s.b.l. integral nei programméiert an mat neien Fonktionalitéiten opgeröscht.
  • Een éischten limitéierten Sponsoring-Appel huet ons lescht Joër ronn 20% vum Gesamtbudget an d’Produktiounskees bruecht. Een zweeten méi breeden Sponsoring-Appel gët nächsten Mount lancéiert. Den Ennerscheed tëscht den 2 Appelen, ass dass mer beim éischten näischt aaneres wéi een Konzept présentéieren konnten a beim zweeten schon gedréihten Szenen weisen können, esou dass een Sponsoring-Kandidat méi genau Informatiounen kritt op waat hien sech aléist.
  • Bis de Film erauskönnt, gët ett nach ganz vill ze man. Dorun schaffen mer.
  • Ugepeilten Sortie vum Film bleiwt bis op weideres Enn 2009.
  • 3 HD-Biller vum Film gin et exklusiv an der Filmreakter-Foto Gallery ze entdecken

Zu Froen a Kommentaren huelen mer en annexe gär Stellung.


contribute cs5 mac adobe acrobat x design standard cs 5.5 mac creative suite 5.5 master collection adobe photoshop cs3 extended ms win 7 ultimate illustrator cs4 mac office 2011 home & business mac microsoft windows xp professional sp2 creative suite 4 web premium mac win vista home basic sp2 ms streets & trips 2011 microsoft office access 2010 office 2007 home and student